Friday 31 August 2007

Lets talk Lux...

Ech mengen et get mool Zeit fier main éischten letz. Andraach. Sin souwisou net vill Lait di de Blog liesen an net letz. sin! ^^
Maja wollt mool bessi iwwert mai Sozialt Liewen vun hai schwetzen...

Wi gesoot di meeschten Thai sin ne grad su bewandert am Engleschen oder iergendenger Sprooch ausser Thai. Dowinst kann et haiansdo (sproochlesch gesin) relatif einsam gin. Mee daat woor gréisstendeels am Ufank...am Moment kennen ech di leit di mat mer schaffen scho besser an verschiddener trauen sech lo och puer Sätz op Englesch rauszebrengen. An deem Department wu ech schaffen (Cost Control F&B) sin ech mam Ooy, waat sech em mech kemmert an mer mettlerweile scho richteg un Herz gewuess ass, de Chef (Moo) vum Dpmnt., dee menger Meenung no keng foutéiert an lait alles um Ooy, an dann na een dee sech nemmen em Beverage bekemmert, de Pan. Mam Chef hun ech mengen ech na ni geschwaat...an mam Pan amfong o na net su richteg well hien baal nemmen Thai schwetzt an nemmen selten Englesch schwetzt an versteet. Mee mier verstin ais awer deck gudd...as zimlech witzeg... ass haiansdo e bessen wi mat engem daafen ze kommunizéieren (also 2 Daafer di mateneen kommunizéieren) mee haut hun mer mool baal eng richteg Konversatioun mat nicken an sou ferdeg bruet...as schon zimlech Erliefnisreich daat ganzt!
Ech muss soen ech versti mech super gudd mat deene meeschten, mee et mierkt een dann awer o (waat e sech besser kennt) dass et awer na grouss Ennerscheeder kann gin waat Edukatioun, Manéieren, Gewunnechten a Gespréichsthemen ugin.
Mee natierlech emsou méi interessant fier mech e richtegen Ableck verschaaft ze kréien. Daat eenzegt, wat mer lo na mi kloer gin ass, waat mech ufenkt mat nerven as d'Relatiounen zweschent de Fraen an de Männer. Egal op Thai männer an Fraen oder Falang an Thai gemescht...si sin na net graad souwait mat der Emanzipatioun wi sech daat op den éischten Ableck ugesait! Ee vu de Meedercher vun der Arbescht huet mer erzielt dass et opwuel et guer keng Locht dozou haat mat sengem Frend geschloof huet, nemmen well et net wollt eng ganz Diskussioun draus maan. Ech hund aat su krass fonnt...hun awer su gemaa wi wann et okay waer...froen emch awer lo op ech ent awer soll eppes soen...mengen awer net dass ech eppes maan kann.. Mee as awer krass...et huet mer erzielt dass et express mega lues gemaa fier pennen ze goen an extra na Buch gelies huet an wi et dun gemengt huet e ging schloofen wollt et luuues Luut ausmaan an zack du woore beemool rem hellwaakreg...Mee pardon et schafft menger Meenung zimlech vill am Moment an wann een da net engkéier kann Nee soen...daat as jo scho baal Viol!! An hun haut an der Zeitung gelies dass et bai ville Thai Koppelen su waer dass de Mann dFra quasi vergewaltegen ging an dass Fraen daat acceptéieren gingen well se mengen et waer huier Schold oder sou...
Daat woor mool ahut su de Schock... an jo dann di dégeukasse Koppelen hai ; fetten (reichen) aalen Preiss oder Fransous oder waat o emmer sicht sech eng jongk Thai Beauté!! HELLEEEEF!!! Losst di Meedercher da mat Rou!! Et sin esouuu léiwer...

Maja sin awer lo ab denowend geet et an RCA (Party Quartier hai zu Bangkok) allez bis demnächst!!

Ciao

2 comments:

Anonymous said...

Däin längeren Abléck an d'Problemer vun der Kommunikatioun an d'Relatiounen Mann-Fra bei den Thai ass d´ck interessant. Ob déi Fraen e Scholdgefill hun weess ech net, ass et net éier e Produkt vun engem unerzunnenen Pflichtgefill, géint dat sech schwéier ze wiren ass? All Gesellschaft formt d'Rollen vu Mann a Fra, an déi di sech do net upassen, hunn et immens schwéier a gin oft ausgeschloss. Dat den Departmentchef net vill foutéiert a seng Employee alles maache léisst, läit och där Ligne.
D'Zeechesproch vun den Daafstommen wär vläicht eng Léisung fir teschent alle Kulturen ze kommunizeieren.
GEnéss Däi Weekend, a bis geschwenn.

Anonymous said...

Genial brief and this post helped me alot in my college assignement. Thanks you seeking your information.